Sportshal: Äppeltäschen
27.10.2022Eis Kanner hate Loscht op Äppeltäschen a sou hunn mer eis en Rezept ausgesicht a zesumme gekuckt wat mer dofir brauchen.
Nodeems mer eis eng Akafslescht geschriwwen hunn, hu mer eis op de Wee an de Cactus gemaach fir anzekafen. Rëm zeréck am SEA hunn eis déi eenzel Aarbechtschrëtt agedeelt. D’Kanner hate vill Freed um Backen a souze ganz gespaant a voller Virfreed virum Uewen. Wie d’Äppeltäsche fäerdeg waren hunn se des och gläich mat Genoss giess.
» Fotoen