Sportshal: Redrock climbing center
16.02.2022Des Vakanz ass et an de Klotercenter gaangen.
Hei konnten d’Kanner hier Grenzen austesten.
Nodeems d’Kanner iwwert d’Sécherheet beim Kloteren opgekläert goufen ass et och scho lass gaangen. Ëmmer ënnert der Opsicht vu Erwuessenen sinn se d’Wänn eropgeklotert.
De Redrockcenter ass déi Gréissten a modernsten Kloterhal zu Lëtzebuerg mat enger Kloterfläch vun 1400 m2. An der Haapthal ass eng Héicht vun 15,5m a an der Boulderhal ass eng Héicht vu 4,2 m.
Eis Kanner waren an der Boulderhal wat hinnen och héich genuch war. Sie hunn sech géigesäiteg gehollef an ënnerstëtzt. Sie haten vill Spaass an waren nom Kloteren och gutt midd. Se hunn scho gesot dass se des flott Aktivitéit nach emol maachen wëllen.
» Fotoen