Sportshal: Eng sportlech Mëttesstonn
02.10.2020Eis Kanner haten haut Loscht vum Trampolin op eng deck Matrass ze sprangen.
Eent vun eise Meedercher wou an engem Turnveräin ass huet mat vill Gedold deenen anere Kanner erkläert a gewisen ob wat se oppasse mussen an wei si sech am Beschten uleehen. Eis Kanner hunn schnell geleiert an haten enorm vill Spaass. Fir di eng war et flott eng nei Erfarung ze maachen an di aner hu gäre gewise wat se scho kennen.
Des Aktivitéit huet fir Kanner och nach vill positiv Effekter. Sou gi Konzentratioun a Koordinatioun verbessert a Balance, Kraaft an Ausdauer geüübt. Verschidde Kanner musse Mutt weisen an hier Angscht iwwerwannen a gewannen un Selbstvertrauen a hunn e ganz anert Kierpergefill. Besonnesch iwwert Fotoen di d’Erzéierin gemaach huet, hunn si gestaunt.
Mer hunn de Kanner versprach dass se dat jidderzäit erëm dierfe maachen a mer si scho gespaant ob déi nächste Kéier.
» Fotoen