Sportshal: Al CD’en dekoréieren
08.09.2023Mer hunn nach al CD’en déi net méi benotzt ginn a d’Kanner hunn sech iwwerluecht wat en dorausser maache kann.
Sou sinn se op d’Iddie komm se als Deko ze verwenden an se mat Faarwe, Glitzer, Steng ….. ze verschéineren a duerno opzehänken. Si hate vill Phantasie a hunn sech mat Freed un d’Aarbecht gemaach. Nodeems hier CD’e gedréchent ware kruten se nach eng Schnouer fir opzehänken ier se hier Wierker mat heem geholl hunn.
» Fotoen