passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Begleedhond Dylan

15.07.2021

Mer haten déi lescht Wochen d’Chance e Projet mam Begleedhond Dylan ze maachen.



Hei hunn mer enorm vill iwwert d’Muppe geleiert. Dem Dylan seng Meeschtesch, d’Natascha koum fir d’eicht ouni den Dylan bei eis fir eis d’Kierpersprooch vum Hond ze erklären a mat eis déi richteg Verhalensweisen zum Ëmgang mat Hënn ze weisen. Fir dat ze üben hate mer e Stoffmupp geholl.
Fir dass den Dylan sech schonn a Rou alles ukucke konnt ass d’Natascha dunn déi éischte Kéier mat him komm wei d’Kanner an der Schoul waren. Sou konnt hien sech a Rou ëmkucken.

Déi zweete Kéier koum hien dunn wei och d’Kanner am Gebai waren. D’Kanner hunn am Virfeld hire Sall tipp top geraumt fir dass den Dylan sech néirens konnt wéidoen an him seng Decken a eng Schossel Waasser bereetgestallt. Sie hunn him di néideg Zäit gelooss jiddereen a Rou ze beschnoffelen an no e puer Leckerlie war den Dylan och net méi schei. Mat Hëllef vum Natascha ass e Plakat mat de Reegelen zum Ëmgang mam Dylan entstanen. Dobäi hunn d’Kanner och vill iwwert déi verschidden Hondsrasse geleiert. Duerno gouf mam Dylan e klenge Rallye dobausse gemaach wou d’Kanner mat vill Spaass e puer Tricke mat dem schlauen Dylan gemaach hunn. D’Kanner ware ganz beméit dass den Dylan sech wuelfillt. Dat ass hinnen och gutt gelongen an d’Virfreed den Dylan erëm ze gesi war grouss.

Déi nächste Kéier wou den Dylan komm ass sinn Hondskichelcher gebak ginn. Virdrun ass Tessy alles akafe gaange wat dofir gebraucht ginn ass. D’Kanner hunn alles ganz genau ofgewien an den Deeg zu klenge Kugele geformt an et huet net laang gedauert bis et richteg gutt no de Kichelcher geroch huet. All Kand wou selwer en Hond doheem huet konnt sech Kichelcher an enger Pabeiertut mat heem huelen an dem Dylan hunn se och gutt geschmaacht.

Déi lescht Kéier wou den Dylan eis besicht huet hunn d’Kanner muppefrëndlech Gummibärche gemaach di net nëmmen dem Dylan gutt geschmaacht hunn. Duerno hunn d’Kanner dobaussen e Staffellaf mam Dylan gemaach wou se vill Spaass haten an de Dylan gewisen huet wei schnell hien de Leckercher hannendrun flitze kann.

Zum Ofschloss ass vun all Kand eng Foto mam Dylan gemaach ginn sou dass se eng flott Erënnerung un dëse Projet haten.




» Fotoen