Sportshal: Tarzan
10.08.2022Eis Kanner haten haut vill Beweegungsdrang a wollte mol eppes aneschtes wie déi klassesch Sportaarte maachen.
Wei mer nogefrot hunn op wat se da Loscht hätten ass d’Iddie opkomm Tarzan ze spillen. Esou hunn mer vun der Hal profitéiert a fläisseg Beck opgebaut. Fir dass keen sech wéidoe konnt goufen deck Matrassen op de Buedem geluecht. D’Kanner hunn verschidde Methoden ausprobéiert fir mam decke Seel vun engem Bock op den aneren ze kommen. D’Kanner hate vill Ausdauer a Freed drun sech mam Seel hin an hier ze schwéngen. Se hunn sech géigesäiteg ënnerstëtzt an et gouf vill gelaacht.
» Fotoen