Sportshal : Sport an der Vakanz
05.04.2023An de Vakanze profitéiere mer ëmmer fir d’Kanner mat engem ofwiesslungsräiche Programm zum Sport ze motivéieren. All Kanner vum SEA kennen drun deel huelen a sinn dofir de Cyclen no agedeelt sou dass altersgerecht Aktivitéiten ugebuede kenne ginn.
Sou sinn déi zwou Woche schnell emgangen. Hei eng Auswiel vun eisen Angeboter aus dëser Ouschtervakanz: Yoga, Lacrosse, Kooperatiounsspiller, Volleyball, Airtramp, Liichtathletik, Parcours, Tschoukball, Staffellaf, Quidisch ……
D’Kanner waren immens motivéiert a hate vill Spaass a mer freeën eis schonn op déi nächst Vakanz.
» Fotoen