Sportshal: Anti-Stress Bäll selwer maachen
16.10.2020Haut hunn eis Kanner Knautschbäll oder sougenannten Anti-stress-Bäll hiergestallt.
An Stresssituatiounen hëlleft an der Reegel Beweegung a Entspanung. Dëst ass awer net ëmmer direkt méiglech an hei hëllefen eis Knautschbäll. Andeems en se an d'Hand hellt an dréckt kann en e bëssen ofschalten an de Kapp frei kréien. D'Kniede vum Ball ka Konzentratioun fuerderen an hëlleft gestauten Energie erauszeloossen.
Fir des Bäll hier ze stellen huet all Kand sech e Loftballon geholl. D'Kanner konnte wielen tëscht Kinetik-Sand, Orbeez-Pärelen an dréchene Bounen. Besonnesch d'Orbeez Pärelen hunn de Kanner gutt gefall. Dat si Gel-pärelen di enorm vill Waasser ophuele kennen. Nodeems d'Loftbäll waren ass e feste Knuet dra gemaach ginn a schonn ass de Knautschball fäerdeg. Dës sinn dann ausgibeg getest ginn ier d'Kanner se mat heem geholl hunn.» Fotoen