Sportshal: Mir decoréieren eise Krearaum
04.10.2019Eis Kanner hunn entscheet hire Krearaum passend zum Hierscht ze gestalten.
An dëser Joreszäit bitt et sech un mat Naturmaterialien ze bastelen zemools en an eisem Gemengepark vill Käschte vu schéinen ale Beem fënnt. All Kéiers wann d'Kanner vun der Schoul duerch de Park gi landen e puer Käschten an den Täschen an sou kennt eng kleng Sammlung zustanen déi dann am Krearaum verschafft gëtt. Wärend e puer gemitterleche Mëttesstonnen sinn dunn Käschten agefierft ginn. Et gouf mat vill Freed mat de Reeboufaarwen experimentéiert an et sinn och flott Igele mat gedréchente Bounen, Mais oder Dännenzapfen entstanen. Och mat Pomponen aus Woll si schéi ronn Igelen entstaanen an d'Resultat schwätzt fir sech.
» Fotoen