Sportshal: En entspaanten Nomëtten
23.11.2023Dësen Donneschden, konnten d‘Kanner sech mat Hëllef vun enger Fantasierees entspanen.
Nodeems d‘Kanner et sech op enger Matrass oder Yoga Matt gemittlech gemaach hu gouf nach eng lues Musek ugemaach ier et mat der Geschicht lass gaangen ass. D’Kanner ware wärend der Geschicht ganz roueg a hu gutt nogelauschtert. Sie konnten sech gutt entspanen a en ass souguer ageschlof. Wie d’Geschicht fäerdeg war gouf et nach eng gutt Taass Téi oder eng waarm Mëllech mat Hunneg.
De Kanner huet dëse Nomëtte gutt gefall an se géifen dat gäre widderhuelen.
» Fotoen