passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Experiment Appel - Bier

13.01.2022

D’Kanner hunn haut den Ënnerscheed tëscht Äppel a Bieren erfuerscht. Sie wollten d’Schwammeegenschafte vum Uebst erausfannen.



Nodeems d’Kanner sech hiert Material eraus gesicht hunn sinn hier Iddien a Meenungen opgeschriwwe ginn.

Sie hunn sech Gedanken doriwwer gemaach ob Äppel a Biere schwammen a firwat oder firwat net ass dunn ausprobéiert ginn.

Kanner hate vill verschidden Hypotheese wie zum Beispill: eng Fruucht ass méi reif wei den aner, d’Schuel vun der Bier ass waasserduerchlässeg, ënnerschiddlech Forme vum Uebst, am Äppel ass méi Loft wei an der Bier, d’Käre vum Uebst si schwéier oder d’Schuel vum Apel ass méi glat  …..

D’Kanner hunn all hier Hypotheese schrëftlech festgehalen.

De Grond dass den Appel iwwregens uewe schwemmt an d’Bier ënner geet ass dass d’Fruuchtfleesch vun der Bier méi dicht ass an dowéinst d’Bier méi schwéier ass an ënnergeet,

D’Kanner hate vill Spaass beim Experimentéieren a si schonn op der Sich no dem nächsten Thema.

 




» Fotoen