Sportshal: Konscht am Schlasspark
30.04.2021Mir ware mat de Kanner am Schlasspark an hunn eis d’Konschtausstellung ugekuckt.
Konscht fuerdert beim Mënsch nei Denk- a Siichtweisen a virun allem beim Kand gëtt Kreativitéit a Fantasie ugereegt.
Eis Kanner hunn sech d’Konschtwierker mat groussem Interesse ugekuckt, d’Beschreiwungen dozou gelies an sech hier Gedanken dozou gemaach. Wärend munch Konschtwierker hinne gutt gefall hunn, si bei anere vill Froen ob kommt. Kanner hunn hannerfrot vir wat munch Faarwe benotzt gi sinn, firwat e bestëmmte Kierperdeeler gesäit oder verschidde Kierperdeeler net do sinn. Sie hunn sech vill Gedanke gemaach, Notizze geholl a fotograféiert.
Mat der Kanner hu mer eis iwwerluecht eventuell Kontakt zu verschidde Kënschtler op ze huelen. Sou kennen d’Kanner bei de Kënschtler selwer nofroe wat d’Konschtwierker aussoe soll a verwielecht entsteet dorausser nach e flotte Projet.
» Fotoen