passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Vitaminnbommen

09.02.2023

Mir hunn haut verschidde Jus‘en aus Uebst a Geméis hiergestallt.



Dofir ware mer rout Rommelen, Muerten, Tomaten, Äppel, Bieren, Kornischongen, Ananas, Orangen, Zitrounen a Limetten akafen. Als eicht hunn mer e klenge Quiz gemaach iwwert déi verschidden Uebst- a Geméiszorten an hier Vitaminnen ier mer ugefaangen alles ze wäschen a kleng ze schneiden.

D’Kanner hunn et spannend fonnt ze gesi wéi aus deenen eenzelen Zorte Jus entstanen ass. Sie hunn sech all getraut déi eenzel Zorten ze schmaachen ier se sech eege Kreatiounen aus de Jus’en zesumme geschott hunn. Zum Schluss ass näischt iwwreg bliwwen an de Kanner huet et gutt geschmaacht.




» Fotoen