Sportshal : Literatour: E 'Leporello' an der Këscht
03.05.2022Am Kader vum Literatour vun der Gemeng Beetebuerg, hate Kanner Méiglechkeet un engem Atelier deelzehuelen, dee vum Fern Rollinger a Pit Hoerold ugebuede ginn ass.
Als éischt hunn si sech hier aktuell Ausstellung ugekuckt an duerno, kruten d’Kanner gewise wéi een e 'Leporello' an der Këscht bastelt. Sie kruten all e laangt Stéck Pabeier, wat se am Zickzack gefaalt hunn an duerno konnten si et bemolen, stempelen a kleng Biller drop pechen. Zum Schluss hunn se de 'Leporello' an eng Kartongskëscht gepecht a jiddereen hat Méiglechkeet säi Buch ze presentéieren.
Et huet de Kanner gutt gefall, dat se en Abléck an d'Aarbecht vun de Kënschtler kruten och selwer kreativ konnte ginn. Eis Kanner hunn ganz motivéiert mat gemaach an och vill Froe gestallt.
» Fotoen