Sportshal: Yoga
06.01.2022Mer hunn haut zesumme Yoga gemaach. D’Kanner hunn enorm vill Freed um Yoga a froen ëmmer erëm wéini di nächst Yogasstonn ass.
Fir mol of ze wiesselen hunn mer haut keng kleng Eenzelübunge gemaach mee eis op gemeinsam Figure konzentréiert. Hei ass et wichteg dass d’Kanner sech géigesäiteg vertraue kennen an sech ofschwätzen. Sie hate vill Spaass bei den Übungen an hunn sech duerno ganz gespaant d’Fotoen ugekuckt.
» Fotoen