passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Meng Stëmm am SEA

13.11.2024

An der Allerhellegevakanz sinn mir Kanner aus dem Cycle 3 a 4 mat de Mini-Buser op Walfer gefuer, fir um Atelier „ Meng Stëmm am SEA“ deelzehuelen.



Passend zur Woch vun der Demokratie ass et an dësem Atelier haaptsächlech em d’ Partizipatioun vum Kand gaangen.

An enger éischter Phase ass et dorëms gaang dass all Kand mat konnt deelen wat et ënner Partizipatioun versteet. Dunn haten zwee fräiwëlleg Kanner, ënnert anerem een vun eisen SEA Kanner, d’ Méiglechkeet e “Party Paangech” virzebereeden. Et war en “Partizipatiounspaangech”, wou all Kand d’ Méiglechkeet hat un der Virbereedung vun dësem Paangech deelzehuelen, andeem si deenen zwee Kanner matgedeelt hunn, wat fir e Paangech gebraucht gëtt. D’ Zil war et, dass d’ Kanner gemeinsam den Paangech baken.

Duerno goufen nach zwee weider Atelieren ugebueden, „den Super-Erzéier“ an d’„Expo Zukunft“.

Am Atelier „ den Super-Erzéier“ ass et dorëms gaangen op e Mënsch aus Kartong ze schreiwen wéi si sech hiren Erzéier virstellen a wënschen.

Am Atelier „Expo Zukunft“ konnten d’ Kanner matdeelen wat si alles u Material fir hiren SEA gären hätten.

Als Ofschloss ass nach e Spill gemaach ginn, d’ Spill 1,2 oder 3. Do kruten d’ Kanner eng Fro virgelies an hunn sech fir hir Äntwert ze validéieren op 1, 2 oder 3 gestallt.

D’ Kanner haten souguer d’ Méiglechkeet mam Herr Meisch ze maachen.

Dësen Ausfluch huet eisen Kanner besonnesch gefall.




» Fotoen