Sportshal: Projet Volleyball
06.08.2021D’Kanner hunn de Volleyball fir sech entdeckt, well si awer d’Reegele vum Spill net kannt hunn ass e flotte Projet entstanen den sech iwwert e puer Woche gezunn huet.
Als eicht hunn mer eis d’Reegelen ugekuckt a geüübt wei en an enger Manchette Passe mécht, wei de Service geet a wei d’Opstellung vun engem Match ass. Fir e Gefill ze kréie wei en de Ball am Beschte schéisst a wei vill Kraaft en asetze muss hunn mer Reefer benotzt duerch déi mer geschoss hunn.. Den Ufank war net esou einfach an et huet awer net laang gedauert bis d’Bäll richt geflu sinn an d’Kanner den Trick eraus haten. Virun allen Passe mat deenen zwou Hänn ze maache war net esou einfach. Mee d’Motivatioun d’Spill ze leieren an de Spaass war grouss.
Mat Übungsmatcher hunn d’Kanner dunn dat geleiert trainéiert a mir konnte just iwwert hier Ausdauer staunen. De leschte Match hunn mer dunn bei schéinem Wierder dobaussen um Sand gespillt. D’Kanner hunn schnell gemierkt dat et um Sand méi ustrengend ass ze spillen, haten awer vill Freed dobäi. Och nächste Summer wëllen d’Kanner dobaussen um Sand Volleyball spillen.
» Fotoen