Sportshal: Merci Joffer
18.07.2022Eis Kanner hunn sech iwwerluecht wie se hirer Joffer eng kleng Freed kenne maachen a hunn sech entscheet hier aus Holz en „Merci“ hier ze stellen.
Als eicht hunn se sech berode wei d’Buschtawe sollen ausgesinn a wat si dofir brauchen. Se hunn sech hier Material zesumme gesicht an op d’Säit geluecht fir dass näischt verluer geet. D’Kanner waren sech schnell eeneg an hunn och direkt ugefaangen.
D’Buschtawe goufen um Holz fir gezeechent. Duerno dann hunn d’Kanner probéiert se esou prezise wie méiglech mat Hëllef vu engem Standbuerer a Seen eraus ze schaffen. Dat war guer net esou einfach wie Kanner sech dat virgestallt haten, mee se kruten et trotzdeem gutt hin. D’Buschtawe kruten du nach mat Feilen a Schléifpabeier en klenge Feischlëff ier d’Kanner ze faarweg gemoolt hunn.
An der leschter Schoulwoch hunn se du ganz houfreg hier Wierker mat an d’Schoul geholl.
» Fotoen