Sportshal: E Mini-Buch aus engem Blat Pabeier
24.05.2022Am Kader vum Literatour krute mer vun der Gemeng eng Aktivitéit mat de Kënschtler Fern Rollinger a Pit Herold ugebueden.
Esou hunn mer eis op de Wee gemaach an d’Galerie d’Art Maggy Stein am Beetebuerger Schlass wou déi zwee Kënschtler hier gemeinsam Wierker ausgestallt hunn. Des Wierker hunn mer eis ugekuckt an di zwee Kënschtler hunn eis erzielt wei hier Ausstellungsstécker entstane sinn.
Nodeems mer eis alles ugekuckt hunn konnte mer eis ronderëm engem Dësch versammele wou den Herr Rollinger eis erkläert a gewisen huet wie een aus engem DinA4 Blat e Buch mat 8 Säiten an aus engem DinA3 Blat en Buch mat 32 Säiten hierstelle kann. Wei d’Kanner d’Schema nodeems d’Blat gefaalt a geschnidde ginn ass bis verstanen haten, konnt et lass goen. D’Kanner hunn hier Säite gemoolt, beschriwwen a gepecht. Verschidde Kanner hunn kleng Texter entworf, anerer hunn Biller gemoolt oder mat Stempele geschafft bis hiert klengt Konschtwierk fäerdeg war. Eis Kanner hate vill Fantasie an et si vill flott Bicher entstanen.
» Fotoen