Sportshal: Kapla-Challenge
24.03.2023Mer haten haut vill Spaass mam Kapla.
Bei der éischter Challenge, hunn d’Kanner sech a verschidde Gruppen agedeelt a hu probéiert mat de Kapla Bausteng een Domino opzebauen. No 10 Minutten ass gekuckt ginn, weien Team et hikritt déi meeschte Stecker an enger Kéier zum Falen ze bréngen. Wie sech dat am Domino gehéiert gëtt just den éischte Steen per Hand ugestouss. De Kanner huet dat souvill Spaass gemaach dass se des Challenge direkt nach emol widderholl hunn.
Bei der zweeter Challenge war d'Aufgab, dee gréissten Tuerm innerhalb vun 10 Minutten ze bauen. Dat Team, wat no der ofgelafer Zäit deen héchsten Tuerm gebaut huet, huet d’Challenge gewonnen.
D’Kanner haten enorm vill Spaass um Bauen a hunn de Recht vum Metten domadder verbruecht wieder mam Kapla ze bauen.
» Fotoen