Sportshal: Spillplaz
01.09.2023Mer sinn haut mam Bus ob Réiser gefuer.
Hei hu mer eis ob der flotter Spillplaz gutt ausgetoobt. Hei gëtt et vill ze entdecken. Mer si vill geklotert an hu probéiert ganz héich ze schaukelen. Eist Gläichgewiicht hu mer och gutt getest. Well des Spillplaz och wierklech propper ass si mer mat de plakege Féiss duerch de waarme Sand getrëppelt. Dat huet eis besonnesch gutt gefall. No enger klenger Stäerkung hu mer du ob de Wee zeréck an de SEA gemaach.
» Fotoen