Sportshal: Mer bitze Kiischtekär-këssen
20.06.2023No dem Workshop „Parfaitement en règles” hunn d’Kanner gefrot ob e Kiischtekärkëssen och selwer ka bitzen.
Also ware mer Kiischtekäre kafen, hunn Stoffer ausgesicht an eis informéiert wei en dat am Beschte mécht. D’Kanner hunn eng Schabloun gemaach fir d’Form vum Këssen ze erstellen an se genotzt fir de Stoff a Form ze schneiden. De Stoff gouf zesummespéngelt a mat der Bitzmaschinn bis ob e klengt Stéck zesummegebitzt. Duerno goufen nach Kären agefëllt an dat lescht Stéck zou gebitzt. Et si vill flott a faarweg Këssen entstanen a d.Kanner kenne stolz op hier gutt Aarbecht sinn.
» Fotoen