passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Déieren bitzen

30.06.2022

D' Kanner spillen am Moment mat klenge Stoffdéiren déi si vu doheem matbréngen. Am Laf vum Spill ass hinne beim Geschichten erfannen opgefall dass hinne verschidden Déiere feelen an esou ass d’Iddi entstane selwer Déieren aus Stoff ze bitzen.



Sie hunn op Filzstoff déi verschidde Kierperdeeler opgezeechent a mat der Scheier ausgeschnidden.
Duerno hunn se alles mat enger Nol a Fuedem zesummegebitzt a fir dass et och eng Form huet mat Watt opgefëllt. Zum Schluss hunn se déi eenzel Deeler zesumme gebitzt,

Sie si ganz houfereg op hier Stoffdéiren a hunn Freed domadder ze spillen.




» Fotoen