passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Schnick Schnack Schnuck

20.01.2025

Am Haff hunn d’ Kanner Schnick Schnack Schnuck op eng speziell Aart a Weis gespillt, an zwar mat Reefer.



Et goufe 14 Reefer an enger Rei op de Buedem placéiert. D’ Kanner hunn 2 Ekippen aus jeeweils 6 Kanner gemaach an sech un de Ufank an de Schluss vun de Reefer gestallt.

Dunn konnt et scho lassgoen. Jeeweils 1 aus all Ekipp ass duerch d’ Reefer lass gesprongen bis dass ee beim Géigner ukomm ass.

Do ukomm ass et dorëm gaangen Shnick Schnack Schnuck ze spillen an de Gewënner konnt weider sprangen, de Verléierer misst stoen bleiwen.

D’ Ekipp wou gewonnen huet war déi wou d’ Kanner all duerch gespronge sinn.

Duerch dëst flott Spill war d’ Mëttesstonn mat vill Spaass a Beweegung gefëllt.




» Fotoen