Sportshal: Geocachen
06.05.2021D'Kanner hate vill Spaass a hunn sech motivéiert op Sich no de Cache gemaach. Bei all Cache den se fonnt hunn war d'Freed grouss.
Et war net ëmmer einfach un de Cache drunzekomme wei en op de Fotoe ka gesinn. D'Kanner si stolz dass se dëst Abenteuer esou gutt gemeeschtert hunn a sinn sech eens dass se och an Zukunft nach wëlle geocache goen.
Geocaching ass eng modern Schatzsich oder Schnitzeljuegd bei dem Kanner an Erwuessener op d’Sich no engem Cache ginn. En Cache ass an der Reegel eng kleng Dous an der e “Logbuch” dran ass. Wien de Cache fënnt kann hei säi Numm an den Datum hannerloossen. Heiansdo fënnt en och kleng Objeten déi en tausche kann. Dat spannend um Geocaching ass dass d’Cachen oft op Platze verstoppt sinn. Sie kennen am Bësch op engem Bam, ënnert enger Wuerzel oder engem Stee verstoppt sinn awer och an de Stied sinn der vill verstoppt. Oft sinn se mat bloussen Aen net ze gesinn a just mat GPS-Koordinaten ze fannen. Dofir gëtt en GPS-Gerät oder en Smartphone mat der Geocach App gebraucht. Et gi verschidde Schwieregkeetsgraden. Bei deene schwierege brauch en och mol méi speziell Hëllefsmëttel wei zum Beispill eng Klotterausrüstung oder en Nachtsichtgerät.
En wichteg Geocachreegel ass dass en op enger Geheimmissioun ass. D’Emwelt soll net matkreie wou eppes verstoppt ass. Leit di net geocachen ginn Mugglen genannt. Et ass och wichteg de Cache onopfälleg erëm do ze verstoppe wou en desen font huet fir dass och aner Geocacher desen fannen kennen. Falls e Cache sollt futti sinn kann en dat op der Geocacheseit mellen. Hei kann en och selwer e Cache plangen,verstoppen a verfollege wei oft en fonnt ginn ass.
» Fotoen
» https