passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Een Nomëtteg dobaussen an der Natur

20.11.2020

Mir hu vum Wierder profitéiert a  waren eraus an de Schlasspark.

Hei  gëtt et am Moment vill ze entdecken.Wärend Jongen sech beim Fänke spillen am Labyrinth ausgetoobt hunn, hunn d'Meedercher sech d'Natur méi genau ugekuckt. Se hu verschidde Champignonen entdeckt an Äascht vum Buedem gesammelt mat deenen si op de Buedem geschriwwen hunn. Mir hunn eis  och nach d'Ausstellung "63 Milliounen" ugekuckt. De Kanner hunn Figure gutt gefall a mer hunn QR-Code gescannt an déi verschidden Ursaachen erausfonnt firwat  sou vill Kanner net an Schoul kenne goen. Den Interesse vun de Kanner war grouss, se hu vill Froe gestallt a gemierkt dass alldeeglech Saachen déi bei eis selbstverständlech sinn an anere Länner zum Luxus gehéieren. Um Wee fir zeréck an de SEA hate mer eng flott Diskussioun doriwwer. Hongreg vun der frëscher Loft hunn d'Kanner sech dunn hier Collatioun gutt schmaache gelooss.




» Fotoen
» www.csi.lu/index.php/391-die-ausstellung-63-millionen-ist-zurueck