passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: "Kaltporzellan"

09.06.2022

Haut hu mer mol eppes Neies ausprobéiert nodeems d’Kanner Loscht haten ze modelléieren.



Am Internet hunn mer och schnell dat passend Rezept fonnt. Nodeem all Ingredienten ofgewien a gutt vermëscht waren, goufen se an engem Deppen erhëtzt. D’Kanner hu fläisseg geréiert bis en deck a fest Mass dorausser ginn ass. Di fest Mass ass dunn aus dem Dëppen erausgeholl ginn a konnt du ofkillen ier dorausser Saache geformt goufen. Nodeems alles un der Loft ausgehäert war hunn d’Kanner se houfreg mat Heem geholl.

Falls dir elo Loscht kritt dat Rezept mol aus ze probéiere fannt der hei d’Ingredienten. Dier braucht:
-   60g Speisestärke
- 125g Natron
-   85g Waasser

Vill Spaass

 




» Fotoen