Sportshal: Schifermusée
06.09.2022Mir waren zu Eruewer-Marteleng am Schifermusée.
Nodeems mer vill interessant Infoen iwwert de Schifer kruten an eis de Musée ugekuckt hunn ass et an d’Minn gaangen. D‘Kanner hunn hier Vesten ugedoen a kruten en Sécherheetshelm un. Duerno ass et 40m ënnert de Buedem an eng Kummer gaangen. Hei gouf et e gudden Abléck wei fréier de Schifer ofgebaut ginn ass.
Mer kruten de Beruff vum Leekëppert erkläert a konnten dono eis eege Lee këppen, gravéieren a als Undenke mathuelen.
» Fotoen