Sportshal: Mer maache Sushi
02.05.2023Well d’Kanner esou oft no Sushi gefrot hunn, hu mer entscheet mat hinne selwer Sushi hierzestellen.
Dofir ware mer mat de Kanner akafen sou dass se selwer aussiche konnte wat fir eng Liewensmëttel se benotze wëllen. Aus hygienesche Grënn hunn mer entscheet just vegetaresch Sushien ze maachen. Nodeems de Reis gekacht war goufen al aner Zutaten (Geméis a Uebst) kleng geschnidden, sou hat de Reis Zäit fir ofzekillen. De kale Reis gouf dunn deelweis mat Jus oder Gewürzer agefierft. Nodeems alles un Material prett stoung kruten d’Kanner erkläert wei d’Sushirulle gemaach ginn. D’Kanner haten den Trick schnell raus an hunn vill Spaass dobäi gehat. Op déi fäerdeg Sushien waren se zu Recht stolz an se hunn hinne gutt geschmaacht.
» Fotoen