Sportshal: Takehis castle
26.01.2023Fir dëst Spill hunn d’Kanner sech en Hindernissparkour iwwerluecht an zesummen opgebaut.
Duerno hunn se sech an 2 Equippen agedeelt. Di eng Equipe huet probéiert esou oft wie méiglech de Parkour ze iwwerwannen ouni vu der anerer ofgeschoss ze ginn. No enger gewëssener Zäit gëtt gewiesselt. Et war immens spannend de Kanner nozekucke wei eng Taktiken si entwéckelt hunn a wei se sech géigesäiteg ënnerstëtzt hunn. Sie hate vill Spaass un dësem Spill a si schonn dobäi de nächste Parkour ze plangen.
» Fotoen