Sportshal: Mir maachen een Cocktail Nojito
26.02.2021Fir 4 Glieser braucht dir :
Peffermënz
2 Limetten
4 Läffelen brongen Zocker
Crushed Ice
500ml Ginger Ale
Virbereedung :
Peffermënz an Limetten als éischt wäschen an ofdréchnen. Peffermënzblieder vum Sträich erofhuelen an d’ Limetten an Spalten schneiden. Peffermënz an d ‘Glieser verdeelen an zerdrécken. Dono kommen Limetten dobäi an den Saaft kann een ausdrécken oder am Glas zerdrécken.
Als nächst mëscht een an all Glas een Läffel brongen Zocker dobäi an et réiert een eemol dran. Dono kann een Crused Ice dobäimaachen.
Zum Schluss schëdden een nach den Ginger Ale dobäi an schonn ass eisen Cocktail prett fir zerwéiert ze ginn.
Prost
» Fotoen