Sportshal: Lippgloss
08.02.2022Eis Meedercher hunn sech doriwwer ënnerhalen dass am Wanter duerch d’Keelt an déi dreschen Heizungsloft hier Haut dreschen ass a oft spaant. Virun allem op de Lepsen steiert se dat an esou ass d’Iddie entstanen en eegene Lipgloss hier ze stellen.
Sie hunn sech zesumme gesat an um Internet gekuckt wie en dat selwer maache kann. Hinne war et wichteg dass hire Gloss aus natierleche Bestanddeeler besteet an net pecheg ass. Schnell hunn se en einfacht Rezept fonnt. Mat Hëllef vun engem Erwuessene si Melkfett, Hunneg an Olivenueleg ofgewien a vermëscht ginn. Mat e bësse Leppenstëft aus enger Naturkosmetikserie ass nach e bësse Faarf dobäi komm. Nom Meschen huet sech all Kand e kengt Dëppche mat dem Gloss gefëllt. Natierlech hunn d’Meedercher hire Gloss direkt missten testen. Aus hygienesche Grënn huet all Kand dofir en Wattestäbercher geholl. Wärend dëser Aktivitéit hunn d’Meedercher voll Diskussioune Kierperfleege, Hygiène a Kosmetik gefouert an och doriwwer wat en nach alles selwer hierstelle kann.
» Fotoen