passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Selwer gemaache Glacen

24.06.2021

Well et am Moment sou gutt waarm ass hu mer entscheet selwer Glacen ze maachen.



Dofir hunn mer Bananne an Äerdbiere kleng geschnidden a virun 2 Deeg an de'Tiefkühltruh geluecht. Dat gefrueren Uebst hu mer mat Mëllech a Jugurt gutt püréiert an erëm an d'Tiefkühltruh geluecht.
Fir eraus ze fannen ob et en Ënnerscheed mécht hunn mer och frësch Bananne mat Jugurt a Mëllech püréiert an agefruer. Dëst ass scho mol fill méi einfach wei dat gefrueren Uebst ze püréieren.
Mer hunn och frësch Äerdbiere mat e bëssen Zocker ofgekacht, püréiert a mat Mëllech a Jugurt vermëscht.
Well d’Glacëmaschinnen d’Glace permanent réieren hunn d’Kanner hier Äerdbiersglace och all 30 min geréiert fir ze kucken ob et en Ënnerscheed meescht zu der Bananneglace.

De Kanner hire Fazit vun dësem Nomëtten: et meescht keen Ënnerscheed op en réiert oder net an déi Glace mat dem scho gefuerenem Uebst kann en méi schnell iessen. D’Glace war op jiddefalls gutt.

 




» Fotoen