passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Kuch am Glas

18.01.2022

 

Haut bake mer kleng Kuchen am Glas.



Dofir gi als eicht kleng Glieser agefett a mat gemuelenen Nëss oder Zocker agestreet. Fir dass iwwerflësseg Nëss oder den iwwerflëssegen Zocker net dra bleift klappe mer d’Glieser op der Kopp aus.

Den Deeg hu mer dann an d’Glieser gefëllt, a gutt opgepasst dass mer d’Ränner net beschmieren. Well den Deeg jo bei Backen opgeet fëlle mer d’Glas och just bis an d’Hallschent. Mat engem Zännstocher hu mer kontrolléiert ob den Deeg duerch gebak ass. Wou eise Kuch fäerdeg war hunn mer d’Glieser direkt mat engem Deckel zougemaach a ofkille gelooss. Sou hält de Kuch sech bis zu 6 Méint. D’Kanner haten allerdéngs sou Loscht ob hire Kuch dass si en giess hu soubal en ofgekillt war.

 

 




» Fotoen