Sportshal: Mir maachen Tai Chi
10.01.2020Eis Kanner hu sech haut mat Hëllef vum Diane un Tai Chi probéiert.
Kanner ware konzentréiert dobäi an et huet hinne siichtbar Spaass gemaach. Et war et net esou einfach Gläichgewiicht ze halen an esou gouf et och a puer witzeg Momenter. Diane huet hinne mat vill Gedold all eenzel Übung erkläert an de Kanner och erzielt wou den Ursprong vum Tai Chi hierkënnt a firwat en haut esou beléift ass.
Tai Chi kennt aus China a ass och als Schattenboxe bekannt. Ursprénglech war et eng Selbstverdeedegungsform, haut gëtt et géint Stress ugewannt. Duerch déi roueg a fléissend Beweegunge soll de Mënsch zu Rou, Ausgeglachenheet an Harmonie fannen.
Tai Chi soll bei Kanner Freed un der Beweegung bréngen an e gesond Ënnerbewosstsinn entwéckelen.
» Fotoen