Sportshal: Projet Schach mam Schachclub vu Beetebuerg
17.01.2020Zesummen mam Schachclub vu Beetebuerg hunn Kanner déi nächst puer Wochen Méiglechkeet Schach ze léieren.
Déi interesséiert Kanner krute mat vill Gedold a Fantasie all eenzel Figure vum Spill erkläert. Mat klengen Anekdoten sinn se gewuer gi wie déi eenzel Figuren iwwert Spillfeld beweegt ginn. Och wei Schachspill entstanen ass hunn se geleiert. Iwwert eng Stonn hunn d’Kanner gespaant gelauschtert fir duerno nach eng ganz Stonn ze spillen. Mer Erwuessener waren erstaunt iwwert d‘Gedold an Ausdauer déi eis Kanner haut bewisen hunn. Sie krute wärend dem Spillen och ganz flott erzielt wie en Schachturneier ofleeft a waren erstaunt dass esou eng Partie och mol bis zu véier Stonnen dauere kann. Sie hunn och no der Aktivitéit weidergespillt bis et Zäit war heem ze goen. Mer freeën eis schonn op de nächste Besuch an zwou Wochen.
» Fotoen
» old.flde.lu/cercle-dechecs-bettembourg.aspx