Sportshal: Makerbuzz
11.05.2021D’Steffi a de Oliver si mam Makerbuzz bei eis komm.
No engem flotte Kenneléierspill konnte mer eis de Bus ukucken. Hei krute mer alles gewisen an et gouf eis erkläert wat mer géife maachen. Steffi huet eis erzielt wie en Monsterfrënd mat LED-Luucht hiergestallt gëtt. Heibäi krute mer och gewise wei e Stroum krees funktionéiert. Fir méi Platz ze hunn si mer dunn awer an eise Grupperaum gaangen.
D’Kanner hunn ob engem Blat Pabeier opgemoolt wei hiert Monster sollt ausgesinn. D’Monster gouf ausgeschnidden a Kontur 2 mol op de Stéck Filzstoff op gezeechent. Déi opgemoolte Konture goufen dunn ausgeschnidden a bis ob eng kleng Ëffnung zesummegebitzt. Op enger Seid si flott Monstergesiichter entstanen.
Aus enger klenger LED-Bier, enger Batterie, Moosgummi a Pechband hunn d’Kanner eng Luucht mat engem Schalter gebaut. D’Luucht ass zesumme mat Watt am Monsterkierper befestegt ginn ier d’Monster zougebitzt ginn ass.
An engem Krees hunn d’Kanner ganz stolz hire Monsteren Nimm ginn an hunn Geschichten iwwert se erfonnt. Sie hunn sech vill gefreet ze gesi wei aus hirem Entworf um Pabeier en reellen Objet entstanen ass.
Mat Hëllef vun engem I-Pad an enger App konnten se hirem Monster eng Stemm ginn an et schwätze loossen. Dëst huet de Kanner besonnesch gutt gefall.
» Fotoen