Sportshal: Héichbeeter a Kraiderspiral
27.08.2021Eis Kanner hunn e grousst Interesse un der Natur a këmmeren sech mat eiser Hëllef em d’Kraiderspiral am Schlasspark. Wei si du och Loscht haten eppes Gréisseres ze bauen ass d’Iddie opkomm Héichbeeter ze bauen.
Mat vill Motivatioun a Gedold hunn d’Kanner wochelaang un den Héichbeeter gebaut. Wei se endlech op hirer Platz stounge krute mer vun der Gemeng Rindenmulch a Buedem geliwwert. Dësen ass du mat Schëppen an d’Héichbeeter gefëllt ginn. Wei di Aarbecht gemaach war hunn sinn d’Planze fir d’Beeter erausgesicht ginn. Beim Aplanzen ass drop opgepasst ginn dass all Planz genuch Platz huet.
Jee nom Wierder sinn d’Kanner all Dag bei d’Beeter gaange fir hier Planzen ze netzen an ze kucke wei se sech entwéckelen. Och bei d’Kraiderspiral ginn d’Kanner reegelméisseg kucken an huelen d’Onkraut ewech. Hei iwwerhuelen d’Gemengenaarbechter d’Netze vun de Kraider well de Wee mat der Géisskan ze weit ass.
Munch Kraider a Geméis hunn och schonn de Wee op de Kanner hiren Teller fonnt.
Voller Stolz hunn d’Kanner och Schëlder gemaach fir dass jidderee gesäit dass si déi Beeter gebaut a beplanzt hunn
Well d’Baue vun de Héichbeeter méi laang gedauert huet wei geplangt konnte mer dëst Joer net esou dovunner profitéiere wei mer eis et erhofft haten. Mer feeën awer schonn op d’Fréijoer wou mer erëm nei aplanze kennen.
» Fotoen