Sportshal: Geocaching
11.05.2023Nodeems d' Kanner bei der Aktivitéit "Geocaching for beginners" an de Projet agefouert gi sinn hunn se haut den éischte Cache mat engem Rätsel geléist.
Fir déi richteg Koordinaten eraus ze fannen, hunn d' Kanner am Schlasspark verschidden Äntwerten op Froen aus dem Rätsel fonnt.
Déi meeschten Äntwerten hunn se och direkt fonnt,
Fir verschidde Froe wou d' Kanner net eraus fonnt hunn, z.b. wéini Schlass gebaut gouf, oder wéini Gemeng Schlass opkaaft huet, sinn d' Kanner an d' Gemeng froe gaangen. Do kruten se och direkt gehollef.
Nodeems d' Kanner alles richteg geléist an ausgerechent haten, haten se déi richteg Koordinate fir de Cache ze fannen.
D' Kanner ware richteg frou a stolz wou se de Cache fonnt hunn.
» Fotoen