Sportshal: Kannercomité
11.10.2019Mir hunn decidéiert en Kannercomité ze grënne fir eis Kanner méi an den Alldag anzebannen.
Hier Selbststännegkeet gëtt gefuerdert an dem se un Entscheedunge matdeel huele kennen an och eegen Iddien ausschaffen an duerch feiere kennen. Eis ass et wichteg dass d'Kanner sech bei eis wuelfillen an sou kenne mer am beschten op hier Bedürfnisser a Wënsch agoen.
Den éischte Schrëtt hu mer des Woch gemaach an dem sech déi interesséiert Kanner zu enger Wahl opgesat hunn. Mat Hëllef vu Stëmmziedele konnten dunn all Kanner an Erzéier 8 Stëmmen ofginn. Sou ass dann des Woch eise Comité mat 8 engagéierte Kanner entstanen.
» Fotoen