Sportshal: Heichbeeter beplanzen
15.06.2023Nodeems mir Heichbeeter gebotzt haten, geet et haut drëms d’Beeter mat guddem Buedem no ze fëllen.
Uschléissend hunn d'Kanner déi verschidde Planzen (Tomaten, Paprika , Cornichongen an Äerdbier) déi mir vum "Service des parcs" geliwwert kritt hunn, a Beeter gesat. Nodeems déi Aarbecht erleedegt ass gouf nach alles gutt genat. Och d’Kraiderspiral am Parc hunn eis Kanner gebotzt an erëm frësch beplanzt. Si passe lo ob dass reegelméisseg genat gëtt fir dass déi jonk Planze gutt ukommen. D’Kanner fannen et spannend ze gesi wei sech Planzen entwéckelen a freeën sech ob d’Resultater.
» Fotoen