Al Gemeng : Vu Grujelbattien, Hexen a Superhelden
13.11.2024A souguer dann si se nach alleguer fir ze knuddelen
D'Allerhelljevakanz ass d'Zait vun Halloween a vum Verkleeden.
D'Kanner an d'Equipe hu vun der Vakanzenzait profitéiert fir eng grouss Party an der Maison Relais ze machen.
D'Preparatiounen sinn scho fréi lass gangen andeems si mat de Kanner zesummen lauter Iddië gesammelt hun waat se solle machen. Vum Baken a Kachen iwwert d'Spiller an d'Verkleeden ass vu moies bis owes gefachsimpelt ginn.
Vun Dag zu Dag ass d'Virfreed méi grouss ginn bis et endlech esouwait war.
De Restaurant gouf emgestallt a lauter grujeleg Iesssaachen a Bakgeschier goufen opgedëscht; Gespenstermuerten, ee Kürbis deem et schlecht war a souguer iessbar Spannen a Fliedermais. Fir jidderee war eppes dobai.
An daat Schéinst war natirlech d'Verkleeden an ze gesinn wéi déi aner Kanner ausgesinn. An och d'Personal huet sech ee Spaass draus gemach fir sech an den Halloweedress ze geheien a mat de Kanner ee flott Fest ze feieren.
» Fotoen