Sportshal: Sportparkour
14.10.2021Mer hunn zesumme mat de Kanner en Sportparkour opgebaut.
Duerno hunn si entscheet en Staffellaf ze maachen an sech an zwou Equipe agedeelt. Sie hunn probéiert esou schnell wei méiglech en nom aneren duerch de Parkour ze kommen. Dëst war nawell spannend an d’Kanner hunn sech begeeschtert ugefeiert. D’Stëmmung war richteg gutt a jiddereen huet säi Bescht ginn. Déi Equipe di am schnellste war huet gewonnen an et war wierklech knapp. D’Kanner hunn och schonn Iddie fir den nächste Parkour a freeën sech drop.
» Fotoen