Sportshal: Vëlostour
15.06.2021Mer hu vum gudde Wierder profitéiert a grousse Vëlostour bis op Esch gemaach.
Ier mer lass gefuere sinn, goufen d’Vëloen, d’Gepäck an den Helm nogekuckt, D’Kanner kruten de Wee erkläert fir dass si wosste wat op se duerkënnt an e puer wichteg Reegelen déi Kanner och verstanen hunn. Sie hunn sech géigesäiteg gehollef sou gutt se konnten. Se och immens gutt en op den aneren opgepasst virun allem op der Strooss a sinn zu all Moment zesummebleiwen sou dass och déi méi lues Kanner gutt mat komm sinn. Och wann et ustrengend war biergop ze fueren haten d’Kanner vill Freed (virun allem am Bësch) an hunn di 20 km ouni Problemer gepackt. Vun Esch aus si mer mam Zuch zeréck gefuer an d’Kanner wëllen op jiddefalls nach emol mat eis Vëlo fuere goen..
» Fotoen