Sportshal: Kanneryoga mam Diane
22.11.2019Diane bitt de Kanner reegelméisseg Yoga un. De Kanner mécht dëst vill Freed an et sinn ëmmer vill Kanner déi sech an dës Aktivitéit aschreiwen.
Diane donkelt virun der Aktivitéit de Sall of, suergt fir eng flott Beliichtung mécht eng entspanend Musek un a preparéiert Téi. D'Kanner sichen eng Platz op enger Matt. Wann jidderee prett ass gëtt sech als éischt mat klengen Übunge waarm gemaach .
Mat vill Gedold erklärt Diane de Kanner déi verschidden Übungen an hëlleft de Kanner wann et néideg ass. Am Laf vun der Aktivitéit kennt dann ëmmer méi Rou eran an zum Schluss entspanen d'Kanner andeems se der Musek nolauschteren.
No der Aktivitéit kennen déi Kanner déi wëllen nach en Téi drénken.
» Fotoen