Sportshal: Hexekesselen
26.10.2023Fir Halloween haten d’Kanner d’Iddie fir Hexekesselen ze bastelen
E Loftballon gouf als Form benotzt a mat Papiermâché ass du de Kessel entstanen. Duerno hunn d’Kanner mat verschiddenen Faarwen a Glitzer, Steng …. hiren Kessel no hiren Iddie gestalt Munch Kanner hu Fliedermais a Spannen Nom Dekoréieren ass d’Fro opkomm wat d’Kanner an hire Kessel dra wollte maachen. Di eng wëllen de Kessel benotze fir Halloween hier Séissegkeeten dran ze leeën, anere wëllen en als Dekoratioun notzen a mat Slime oder rout-schwaarze Stofffatze fëllen.
Pünktlech fir Halloween waren hier Kesselen dann och fäerdeg.
» Fotoen