passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: En Nomëtte mat de Flüchtlingsfamilljen

13.12.2022

Haut hunn mer a flotten Nomëtte mat de Flüchtlingskanner an hirer Famill am Veräinshaus verbruecht.



Am Virfeld hunn d’Erzéier hunn mat der Hëllef vun der Gemeng e schéine Bam opgestallt a Kaddoen drënner verdeelt fir Familljen aus dem Flüchtlingsheem. Ënnert anerem goufen et Bonge fir de Beetebuerger Bicherkuerb. Dëscher an de Raum goufen dekoréiert, fir Kaffe a Kuch ass gesuergt ginn a mer hate verschidden Aktivitéiten em Backe virbereet.

D’Kanner konnten hier eege Kachmutzen a Schiertecher bemolen ier se Kichelcher gebak hunn. D’Eltere konnte Sabbeldicher fir hier Puppelcher bemolen a mat hire Kanner Këschte bastele fir déi gebake Kichelcher dran ze maachen.

Bei eis am SEA leeft am Moment de Projet „Integratioun vu Flüchtlingskanner am SEA“ an dësen Nomëtten huet eis gehollef d’Eltere vu de Kanner a bësse besser kennen ze leiere wat eis och gutt gelongen ass.

No dësem Erfolleg si mer motivéiert fir dëse Projet wieder auszebaue fir des Kanner mat hire Famillje bei eis ze integréieren.




» Fotoen