Sportshal: Slackline
22.06.2022Haut hunn mer an der Mëttesstonn eis Slackline ausprobéiert.
Dat ass en Gurt den ongeféier en hallwe Meter iwwert dem Buedem gespaant gëtt. Da probéieren d’Kanner doriwwer ze goen. Dobäi mussen si probéieren hiert Gläichgewiicht ze hale fir net erof ze falen. Jiddereen huet dat a sengem Tempo ausprobéiert. Fir dass kee fält an sech wéideet hunn d’Kanner sech géigesäiteg ënnerstëtzt andeems se un der Seid vu deemjéinege waren dee grad op dem Gurt war. De Kanner huet dat esou vill Spaass gemaach dass se guer net méi ophale wollten.
» Fotoen