Sportshal: Jickebunn
09.03.2023Eis Kanner hunn sech iwwerluecht eng grouss Jickebunn selwer ze bauen.
Se hunn sech zesumme gesat an sech beschwat wei hier Bunn soll ausgesinn. Doropshin ass e Plang gezeechent ginn a se hunn ugefaange Rullen ze sammelen. Wie se genuch Rullen zesumme gesammelt hate goufen déi faarweg gemoolt an als eicht an eng bestëmmte Reiefolleg geluecht fir ze kucke wei d’Bunn kéint ausgesinn. Wie d’Kanner sech bis sécher ware goufen se nach sou geschnidden dass se anenee passen sou dass d’Jicken net erausfale kennen. Mat der Pechpistoul goufen se dunn un enger grousser, ugemoolter Kartongsplack festgepecht. Nodeems hiert Wierk fäerdeg war gouf et natierlech direkt getest an d’Kanner hunn sech enorm gefreet dass et geklappt huet.
» Fotoen