passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Karamell

02.09.2021

Mer hunn haut probéiert Karamell selwer ze maachen.



Dofir hunn mer eis informéiert wat e dofir brauch a wat e maache muss fir dass Karamell entsteet. Mat den Informatiounen déi mer fonnt hunn, hu mer du probéiert Karamell hier ze stellen.

Als eicht hu mer eis alles zesummegesicht wat mer brauchen sou wei en hellt Deppen, Zocker, e Moossbecher mat Waasser an e Bakblech de mer mat Bakpabeier ausgeluecht hunn. Bei 100 gr Zocker brauch en ongeféier 2 Iessläffele Waasser. Wichteg ass et net ze fill ze réiere wann de Zocker am waarmen Deppe schmëlzt.En hellt Deppen ass wichteg fir dass en d’Faarf vum Karamell gutt gesäit, wat de Karamell méi donkel ass wat en och méi batter schmaacht.

Mer hunn zwee Versich gemaach. Beim éischte Versuch hunn mer den Zocker ze schnell erhëtzt an de Karamell ass ze schnell fest ginn. Beim zweete Versuch hunn mer mer lues erhëtzt sou dass de Karamell nom Schëdden op de Bakblech réischt haart ginn ass. Wei en ofgekillt war hunn mer en a kleng Stecker gebrach an haten esou gutt haart Karamellskamellen.

D’Kanner hunn schonn en drëtte Versuch geplangt wou se wëlle mat Ram probéieren ob de Karamell da méi cremeg gëtt. Mer si schonn all gespaant a freeën eis op d’Schmaachen.

 




» Fotoen